Vun e Freideg 31/05 bis e Sonndeg, 02/06 war eng Lëtzebuerger Badminton Delegatioun mat U13 an U15 Nationalspiller an der Zeppelin Stadt Friedrichshafen um Bodensee um “52. Internationalen Bodensee Turnier” am Asaz.

Eis Faarwen goufen vun den U13 Aurel Pulcinella an Sami Reinert, esou wei vun den U15 Pol Hild, Mike Sinico, Noah Warning, Ryan Lim an Tom Feltes vertrueden, encadréiert vum Adrien Guignard an Olga Konon.

Wärend am Eenzel den Aurel Pulcinella, Sami Reinert an Pol Hild et aus der Pool bis an déi éischt Ronn gepackt haten, huet d’Koppel Pol Hild an Mike Siniko et bis an d’U15 ½ Final gepackt, wou se sech dann géint 2 Slowenen hunn missen geschloen ginn.

Nieft der offiziellen Delegatioun, waren och eis U17 Nationalspiller Kim SchmidtJérôme Pauquet an Yannick Feltes bis ob den Bodensee gereest.
Hei hunn de Yannick an de Jérôme et mat enger gudder Leeschtung bis an d’Final bruecht, wou si sech leider an engem spannenden Match missten enger Koppel aus Däitschland an 3 Sätz geschloen ginn.
Am Eenzel huet den Jérôme et och nees bis an d’Final gepackt, mee genau wei am Doubel an 3 Sätz géint een Schweizer den Kierzeren gezunn.

Alles an allem war et en gelongenen Weekend fir eis Spiller.

Als nächst steet um Programm vun eisen Spiller den nächsten Weekend d’Azerbaijan International fir eisen eenzechen Badminton Profi, den Robert Mann an d’ German U17 Open fir Kim Schmidt, Yannick Feltes an Jérôme Pauquet.

Detailléiert Resultater vum Weekend sin Tournament Software ze fannen:
http://www.tournamentsoftware.com/sport/winners.aspx…