De Projet Plus dréit seng éischt Friichten!
Gëschter Owend (16/09/2019) huet de Comité vum Dauler Fiederball, a Präsenz vum Frédéric Mawet, John Kirschenbilder a Richard Hoelzmer, à l’unanimité fir eng Adhésioun un d’ FELUBA gestemmt!
Déi néideg Demarchë sinn op der Platz direkt geholl ginn, soudass am nächste CC eng “admission provisoire” ka gestemmt ginn an esou de Wee fräi ass fir eng Demande d’”affiliation définitive” ob der nächster AGO.
Och de Veräi vu Rouspert war ob der Reunioun vertrueden a wäert eng definitive Decisioun zesumme mat hirem neie Comité huelen.
