Virun e puer Deeg huet de Jens Nilsson eis plëtzlech fir ëmmer verlooss.

All aktive Spiller zu Lëtzebuerg ass de Jens e Begrëff, well hie méi wéi 20 Joer onermiddlech als Arbitter oder Referee bei Turnéieren am Asaz war. Hien hat fir jiddwereen en oppent Ouer en mat senger roueger, frëndlecher Perséinlechkeet war hie bäi de Spiller an de Veräiner beléift.

Niewent der praktescher Aarbecht um Terrain huet de Jens esouwuel als Sekretär vun der commission des arbitres ewéi als Formateur vun neien Arbitteren immens vill zur Entwécklung vum Arbitterwiesen hei am Land bäigedroen.

Ëmmer zouverlässeg a korrekt, war de Jens e Beispill fir seng Arbitterkollegen. D’FELUBA seet dem Jens e grousse Merci fir seng Leeschtung a wäert hien ëmmer a beschter Erënnerung halen.

An déiwer Trauer iwwer dëse grousse Verloscht, drëcken mir heimadder senger Famill eist härzlechst Bäileed aus

de Comité Central

Den 22. Oktober ass ëm 14.30 Auer e “Gedenkgottesdienst” (service commératif) fir de Jens an der dänescher Kirch an der Stad (5 rue de la Congrégation).