De leschte Weekend gouf an der Coque um Kierchbierg fir déi 15. Kéier den Internationale Jugendturnéier “Youngsters” vun der Lëtzebuerger Badminton Federatioun organiséiert.

243 Spillerinnen a Spiller hunn sech an 20 verschidde Kategorien, vun U11 bis U19, Eenzel an Doubel, gemooss an no Ronn 600 Matcher stoungen och 2 Sportler aus dem Lëtzebuerger Kader an de respektive Finalen.

D’Mara Hafner huet an engem ganz spannende Match iwwert 3 Sätz sech duerchgesat kritt an esou d’Kategorie Meedecher U13 gewonnen.

De Willam Wang sengersäits huet d’Final knapp an 3 Sätz verluer an huet sech eng remarkabel 2. Platz an der Kategorie Jongen U15 erkämpft.

Iwwert e weidere Podium fir Lëtzebuerg konnten d’Shana Pauquet (mat enger schwäizer Partnerin) an d’Koppel Léa Genson / Maira Zieser bei de Meedercher Doubel U19 feieren.

All d’Resultater sinn ob tournamentsoftware.com ze fannen.

No engem gelongene Weekend frëen mir eis schon ob déi nächst Editioun 2020.